alpe flyer

8

Click here to load reader

Upload: alpe-retter

Post on 15-Mar-2016

237 views

Category:

Documents


3 download

DESCRIPTION

INFOBROSCHÜRIwwert den Ethikunterricht zu Lëtzebuerg

TRANSCRIPT

Page 1: Alpe Flyer

Association luxembourgeoise des professeurs d’EthiqueALPE.LU

INFOBROSCHÜRIwwert den Ethikunterricht zu Lëtzebuerg

Association Luxembourgeoise des Professeurs d‘Éthique a.s.b.l.

Bil

dn

achw

eis:

Cas

par

Dav

id F

ried

rich

- D

er W

and

erer

üb

er d

em N

ebel

mee

r

Page 2: Alpe Flyer

1. Firwat ginn et esou vill verschidden Nimm fir e Fach, dat vun deene meeschten ëmmer nach just kuerz „Morale“ genannt gëtt?

Wa mer zu Lëtzebuerg vu „Werteunterricht“ am Lycée schwätzen, da schwätze mer engersäits vun der Alternativ „Formation morale et sociale“ an „Morale chrétienne“ an anersäits vun der „éducation aux valeurs“ am Kader vum Pilotprojet vum Lycée Ermesinde. Eist Fach „formation morale et sociale“ gouf 1968 agefouert als e laizistescht Alternativfach zum kathoulesche Reliounsunterricht. 2001 gouf d’Fach reforméiert an de Programm vun Nordrhein-Westfalen iwwerholl. D’Bezeechnung „Ethik“ oder „Praktische Philosophie“ (wéi an Däitschland) wier fir eist Fach adequat, well do Froen, déi d’Liewe betreffe mat enger philosophescher Approche behandelt ginn. D‘offiziell Bezeechnung zu Lëtzebuerg ass: Formation morale et sociale /Praktische Philosophie (FOMOS/PPh)

2. Wat léieren d’Schüler dann an deem Fach?

Am Fach Fomos/PPh beschäftegen d’Schüler sech mat alle Froen, déi d’Zesummeliewen vu Mënsche betreffen . D‘Fach ass a sougenannte „Fragenkreise“ agedeelt. Dat si Froen, déi een och an de Schoulbi-cher zeréckfënnt, an déi hëllefen, fir déi vill Themen ze uerdnen. Do gëtt et beispillsweis d‘Fro no Natur, Kultur an Technik, wou dann Theme behandelt ginn, wéi de Mënsch a säi Verhältnis zur Natur oder säi Verhältnis zur Technik. Donieft ginn an deem Fragen-kreis awer och ganz traditionell ethesch Themen du-erchgeholl, wéi „ Soll ee Gentechnik benotzen?“ „Soll ee Fleesch iessen?“ All déi Froe ginn ëmmer sou behandelt, dass ee mat der Perspektiv (persönliche Perspektive) vun de Schüler ufänkt, also wat denken si beispillsweis iwwert d‘Iesse vu Fleesch. Dono ku-cke mer, wat fir eng Roll dat Thema an der Gesell-schaft spillt (gesellschaftliche Perspektive), also

Gëtt et en Ethikunterricht zu Lëtzebuerg? Wat ass dat? Wéi gesäit dat aus?

Hei fannt Dir déi heefegst Froen, déi een als Ethiksproff permanent gestallt kritt.

Page 3: Alpe Flyer

beispillsweis gëtt gekuckt, wéi d‘Fleeschindustrie opgebaut ass, wéi Fleesch verkaf gëtt, wéi d‘Déieren do behandelt ginn. Zum Schluss steet ëmmer eng sougenannten ideengeschichtlech Perspektiv (ideengeschichtliche Perspektive), wou d‘Schüler sech mat reliéisen Usiichten oder philosophesche Positiounen zu dem Thema befaassen. Zum Beispill kann ee beim Thema Fleeschkonsum d‘Positioun vum Chrëschtentum analyséieren an donieft e Philosoph wéi den Arthur Schopenhauer mat senger Gefillsethik.

D’Schüler léieren deemno net just verschidden Theme kennen, mä kréie gläichzäiteg eng Demarche an de Grapp, déi et hinnen erlaabt, sech eegestänneg mat enger Villzuel vun Theme selbststänneg ze beschäftegen an sech sou an hirer Ëmwelt ze orientéieren.

3. Wéi kann ech mer dann elo sou ee PPh/ Fomos Cours virstellen?

Wéi bei der Fro 2 scho beschriwwen, gëtt all Thema aus dräi Perspektive behandelt. Am Kontext vun deene Perspektive gëllt et awer, de Schüler eng Rei vu Methoden an de Grapp ze ginn, déi fir eng philosophesch respektiv ethesch Ausernanersetzung mat engem Thema onëmgänglech sinn. D’Schüler léiere beispillsweis, wéi ee Biller analyséiert, wéi een a Gruppe schafft, wéi ee spilleresch mat komplizéierten Texter ëmgeet, wat Argumenter sinn a wéi een eng Diskussioun mat Argumenter ka féieren. All Joer stinn natierlech aner Kompetenzen am Mëttelpunkt, déi geüübt solle ginn. Fir awer e méi en detailléierten Abléck an d’Methoden an den Opbau vun esou Fomos/PPh- Stonnen ze kréien, kann een den Internetsite www.praktischephilosphie.lu besichen, wou ee Beispiller vu Schoulstonne fënnt.

D’Schüler léiere Methoden, fir sech an hirerËmwelt ze orientéieren.

Page 4: Alpe Flyer

4. Gëtt an dem Fach dann och iwwer Relioune geschwat?

Vill Leit mengen, dass Fomos/PPh zu Lëtzebuerg nach ëmmer eppes ass wéi „morale laïque“, am Géigesaz zu enger morale chrétienne. Deem ass awer net esou. De Programm vun der Fomos/PPh wëllt d‘ Reliounen nämlech net ausblenden oder guer „verdäiwelen“. Am Géigendeel, Relioun kann a soll bei all Thema am Kader vun der uewe genannter ideengeschichtlecher Perspektiv zur Sprooch kommen. Donieft gesäit och de Programm praktesch an all Joergank Theme vir, déi spezifesch op Relioune Bezuch huelen. Sou zum Beispill bei der Fro, wéi ee mam Doud soll ëmgoen. Do spillen d‘Äntwerte vun der Relioun och eng wichteg Roll. Mä och bei der renger Wëssensvermëttlung spille Reliounen eng grouss Roll. Hei sollen natierlech och dat kulturellt Ierwen an déi gesellschaftlech Realitéite vermëttelt a vun de Schüler verstan ginn.Ganz wichteg ass et allerdéngs, dass bei der Behandlung vu Reliounen am Fomos/PPh-Unterricht keng „Missionéierung“ geschitt. D’Schüler sollen eng chrëschtlech Wäertvirstellung genausou wéi déi vun anere Relioune kenneléieren, an sech dann eegestänneg eng Meenung bilden. Éischte Credo vum Fach ass deemno en absolut „Überwältigungsverbot“, d.h. et gëtt kengem eng Meenung oder eng Wäertvirstellung opgezwongen.

5. Zielt dat Fach eigentlech eppes?D‘Fach Fomos/PPh huet genausou wéi d’Fach MORCH (Relioun) als eenzegt Fach am Fächerkanon kee Ko-

Méi Informatioune fannt Dir ënnert www.praktischephilosophie.lu

Éischte Credo vum Fach ass d’„Überwältigungsverbot“

Page 5: Alpe Flyer

effizient. D.h. dass een an dem Fach net kann duerchfalen. Allerdéngs zielt d‘Note op der Zensur fir d‘ „Moyenne pondérée“, d.h. si gëtt fir d’Gesamtmoyenne mat verrechent. Dës Regelung, déi historesch Grënn huet, bedeit um Terrain natierlech oft eng Devaloriséierung vum Fach a mécht et net ëmmer liicht, Schüler, déi u Punkte gewinnt sinn, zum Schaffen ze beweegen.

6. Wéi ass d‘Verhältnis zum Reliounsunterricht? Ass Fomos/PPh net am Fong datselwecht wéi Relioun? Gëtt do net genau datselwecht gemaach?

Et gëtt natierlech historesch gesinn eng Géigeniwwerstellung vu Fomos- a Reliounsunterricht, woubäi de Morale laïque-Unterricht virun allem fir déi Schüler geduecht war, déi aus ënnerschiddleche Grënn net wollten oder konnten an e chrëschtlech-kathoulesche Reliounsunterricht goen. Dës „Rivalitéit“ lieft haut och nach ëmmer e bësse weider, woubäi allerdéngs déi 2 Programmer sech, wat déi ze erreechend Kompetenzen ugeet, scho staark ugeglach hunn. Wichtegsten Ënnerscheed ass awer de Bezuch op de Katholizismus am Reliounsunterricht, deen déi chrëschtlech Léier als Ausgangspunkt hëlt, fir iwwer Froe vum Liewen nozedenken. Dës Léier gëllt deementspriechend als wesentlech Orientéierung wann et ëm déi uewe genannte Froe geet. E Beispill wier d‘Thema Ofdreiwung, wou d‘Kierch eng kloer Positioun huet, déi, wann och net onreflektéiert, dann awer esou am Cours soll vermëttelt ginn. De Fomos/PPh-Unterricht huet do dat scho genannten Iwwerwältegungsverbot, dat am Léierplang drasteet, an dat et net erlaabt, eng eenzeg Positioun als déi eenzeg richteg dohin ze stellen. An der Praxis orientéiert sech awer och de Proff an der Fomos/PPh un der allgemenger Mënscherechtskonventioun an un de Prinzipie vun der demokratescher Verfassung, a baut säi Cours deementspriechend op.

De Proff orientéiert sech un der Mënscherechtskonventioun

Page 6: Alpe Flyer

7. Wann d’Fach keen direkte Bezuch hëlt op eng traditionell Relioun, kann dann do iwwerhaapt vu Wäertervermëttlung oder Orientéierung fir Schüler geschwat ginn?

Et gëtt der FOMOS/PPh geleeëntlech virgehalen, dass d’Schüler hei keng eendeiteg Wäerter vermëttelt kréien, dass se deemno an enger ëmmer méi komplexer Welt och keng wierklech Orientéierung kéint bidden, am Géigesaz zur Relioun, déi de Schüler eng wichteg Orientéierung mat traditionelle Wäerter vermëttele kann. Mol ofgesinn dovun, dass d‘ Begrëffer Wäerter an Orientéierung un sech problematesch sinn, ass et am Fomosunterricht esou, dass d’Schüler duerch déi ugeleeten Ausernanersetzung mat verschiddene Froe vum mënschlechen Zesummeliewen duerchaus léieren, wéi een sech selbststänneg eng Orientéierung erschafft. Et kann hei natierlech keng absolut Wäerter gi wéi se eng Relioun kann ubidden, dofir awer eng Orientéierung u Wäertvirstellungen, wéi se Philosophen entwéckelt hunn.

8.Wéi gëtt ee Proff an der Ethik / Fomos?

An der Fomos gëtt et säit 2007 e Concours fir Proff ze ginn, sou dass et an Zwëschenzäit eng Rei vu Proffen an deem Beräich ginn, di och fir dat Fach ausgebilt sinn. De Concours funktionéiert hei genau sou wéi an deenen anere Fächer. Et muss een en Universitéitsstudium hunn a virweisen, dass ee Fächer wéi Philosophie, Ethik oder Mënscherechter gemaach huet. Detailer heizou fannen sech um Site vum M.E.N.

9. Wat bedeit et an der Praxis, dass all Schüler d‘Méiglechkeet huet, tëschent den zwee Coursë Relioun(MORCH) an FOMOS/PPh ze wielen?

Fir op dës Fro äntweren ze kënnen, muss een sech

Duerch d‘Ausernanersetzung mat verschiddene Froe léieren d‘Schüler, wéi een sech selbst-

stänneg eng Orientéierung erschafft.

Page 7: Alpe Flyer

fir d‘éischt d‘Fro stellen, wat fir eng Konsequenzen dës Méiglechkeet huet. Mir erliewen an eiser beruff-lecher Praxis all Dag, dass, wann et dorëms geet, sech mat ethesche Froen ze beschäftegen, Klassen op Grond vun der Relioun oder de philosopheschen Iwwerzeegunge vun de Schüler oder hiren Elteren, an zwou Gruppe gedeelt ginn.

Et ass schwéier, de Schüler ze erklären, firwat si z.B. net mat hirem moslemesche Klassekameroden iwwert dach déiselwecht Theme schwätze kënnen, mä an en anere Sall goe mussen.Wann et am Cours ëm Theme wei „Wäerter“ geet - mä dëst gëllt sécherlech och fir all anert Thema - kann de Schüler nëmmen dovunner profitéieren, wann an sengem Cours och Schüler sëtzen, déi enger anerer Relioun ugehéieren an och aner Wäertvirstellungen hunn. Esou kënnt et am Dialog eréischt zu fruchtbaren Diskussiounen, an et ass och nëmmen esou, wéi Schüler Toleranz ewéi och Fäegkeet entwéckelen, an enger demokratescher Gesellschaft selbstbestëmmt an zesumme liewen ze kënnen, wat ee vun den Haaptziler vu dësem Fach ass.

Wann et ëm „Wäerter“ geet, kann de Schüler nëmmen dovunner profitéieren, wann an

sengem Cours och Schüler sëtzen, déi enger anerer Relioun ugehéieren.

Page 8: Alpe Flyer

Dës A.s.b.l. verfollegt ënnert anerem folgend Ziler:

•D‘Ëffentlechkeet iwwert den Inhalt an d‘Ziler vun eisem Fach ze informéieren

•D‘Fach an seng Enseignanten an der Ëffentlechkeet ze vertrieden

•Den Erfahrungsaustausch tëscht den Ethik-Enseignanten ze förderen

•Déi bildungspolitesch an inhaltlech Begrënnung, d‘Ausgestaltung an d‘Fortentwecklung vum Ethik-unterricht zu Lëtzebuerg ze förderen

•D‘Ausbildung an d‘Weiderbildung vun den Ethik-senseignanten ze ënnerstetzen

•Déi methodesch Entwécklung vum Ethikunterricht unzereegen an zur Diskussioun ze stellen

•D‘Zesummenaarbecht mat anere Fachverbänn ze sichen

Déi komplett Statute vun der A.s.b.l. fannt dir op eiser Internetsäit.

Informatiounen zur A.L.P.E.a.s.b.l.

Kontakt:

Email: [email protected]: www.alpe.lu

Textverbesserung: Sonia Thewes