panewippchen 03/2014 - service éducatif mnhn luxembourg
DESCRIPTION
Magazine du Musée national d’histoire naturelle du Luxembourg pour jeunes intitulé « Panewippchen »TRANSCRIPT
‘natur musée’ - 25, rue Münster - L-2160 Lëtzebuerg - Tel.: 462233 450
www.naturmusee.luwww.panda-club.lu
De Panewippchen gëtt ënnerstëtzt: Ministère de la Culture - Musée national d’histoire naturelle -
Ministère de l’Education nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse - Service national de la Jeunesse - Ministère du Développement durable et des Infrastructures -
Administration de la Nature et des Forêts - Administration de l’Environnement - Administration de la gestion de l’eau - Ministère de la Santé
Zeitung vum ‘natur musée’ fir jonk LeitDe Panewippchen kënnt 4x am Joer eraus
Dës Nummer gouf gemaach an Zesummenaarbecht mam Gesondheetsministère
N°108 3/2014De Panewippchen
D’Lëtzebuerger Muséeën hunn en Notizbuch erausginn, dat fir dech prett läit. Dora kanns du all deng Entdeckunge sammelen. An all Musée kriss du e Sticker oder Stempel an en extrat Blat vun engem besonneschen Ausstellungsstéck. Wann s du 5 Muséeë besicht hues, kriss du eng Belounung, a bei 10 Muséeën e Kaddo! Maach dech op de Wee mat denger Famill an denge Frënn, et waarde vill flott Muséeën op dech!
Redaktiounscomité:S. Backes, J. de la Gardelle, S. Goerens, C. Greisen, M. Grosbusch, M. Hagen, S. Hagen, C. Heidt, M. Hoffmann, M. Kirsch, M. Reichard, F. Theisen, M. Ursone, F. Wolff
Texter:J. de la Gardelle, S. Goerens, C. Greisen, M. Grosbusch, M. Hagen, C. Heidt
Grafik an Illustratioun:S. Goerens, M. Hagen, S. Hagen
Fotoen: ‘natur musée’, shutterstock, J. de la Gardelle, R. Felten
Hei sinn déi 7 Feeler vun der rietser Foto.
Als Member vum Panda Club kriss du d‘Zeitung „de Panewippchen“ 4 mol am Joer geschéckt.
Wann s du een Erwuessene kenns, deen „De Panewippchen“ fir säi Grupp vu Kanner wëll abonnéieren,
da kann dee sech mellen iwwer
6 Exemplare vun all Nummer si gratis, vum 7. Exemplar u froe mir e klengen Onkäschtebäitrag vun 1 Euro pro Ausgab a pro Exemplar.Am Panewippchen fënns du:vill Informatiounen (op Lëtzebuergesch) iwwert all méiglech an onméiglech Saachen aus der Déieren- a Planzewelt, eiser Ëmwelt, dem Universum …Villes fir ze bastelen, ze kachen an ze triwwelen, Rätselen an Denkspiller.Theme fir nozedenken, matzemaachen a seng eege Meenung dozou ze schreiwen.Ganz faarweg mat groussem Pouster an der Mëtt.
Spréiwe beim Braddelen … kuck Säit3 Foto: Roland Felten
Maacht mat bei eiser Ëmfro iwwert «De Panewippchen». Dir fannt se op:
Huelt Iech 10 Minutten Zäit an hëlleft eis dës Zeitung vum ‘natur musée’ nach besser ze maachen!
https://fr.surveymonkey.com/s/Emfro_Panewippchen
2De Panewippchen 3/2014De Panewippchen 3/2014
Impressum:
September-Dezember 2014Wupp NeWS
Abo «De panewippchen»
Loscht op d’lëtzebuerger Muséeën
Abo «De panewippchen»[email protected]
Info: Tel.: 462233 450
OpléisungRätsel Säit 6
Foto
: shu
tters
tock
Är Meenung interesséiert eis!
Salut Jemp, wéi geet et?
Schlecht, well haut war net mäin Dag. Do uewen am Wéngert
ass de ganzen Dag geschoss ginn*, sou datt et haut keng
säfteg Drauwe gi sinn.
*Am Hierscht stellen d’Wënzer «Kanounen»,
déi vill Kaméidi maachen, an d’Wéngerten, fir
d’Spréiwen ze verdreiwen an doduerch ze
verhënneren, daTt all d’Drauwe gefriess ginn.
Beklo dech net, well ech hunn haut och just Schneidere
(=Schnaken) giess.Wéi ech endlech eng Wiss mat villen
Insekte fonnt hat, koum aus dem Bësch en Héngerdéif (=Habicht)
geflunn. Glécklecherweis hat ech nach genuch Zäit fir fortzefléien. Mä de Pir hat leider keng Chance, well hien ass vun deem Béischt gepaakt an duerno bestëmmt
gefriess ginn.
Dofir ass et jo wichteg, datt mir a ganz grousse Gruppe fléien a ganz Dacks zesummen an
eng aner Richtung fléien, well dann hunn déi sch…
Gräifvulle bal keng Chance, fir ee vun ons ze fänken.
Esou wéi mir dat man, wa mir op ons Schlofplaz
fléien.
Dat do geet awer ze wäit.
De Spunt mengt, hie kënnt sech alles erlaben.
Deen ass bestëmmt réischt viru kuerzem
aus dem Nascht geflunn a weess dofir nach
net, datt mir Spréiwen ëmmer esou wäit
vuneneen ewech sëtzen, fir datt mir ons net
beréiere kënnen.
Hoffentlech kënnt elo keen
anere Chaot méi nerven, well ech
si midd.
Ech fäerten, du kanns nach net schlofen, well dat Gebraddels vun de Kollegen hält eréischt op, wann et ganz däischter ass.
Ee vun den heefegste Vullen zu LëtzebuergBaut säin Nascht A SpiechtlächerDéi meescht fléien am Wanter bis a Südeuropa, déi aner bleiwen an onser Géigend
Spréif, Star, étourneau, starling, Sturnus vulgaris
De Panewippchen 3/2014 De Panewippchen 3/2014De Panewippchen 3/2014 Text: Claude Heidt
Fluchshow
Loscht op d’lëtzebuerger Muséeën
Foto: Pierre Selim
Foto
: shu
tters
tock
Foto
s: R
ola
nd F
elte
n
Méck, Fliege, mouche, fly
Foto
: G. H
ald
ima
nn
Vill Insekten notzen de Schutz vum Buedem, fir do hir Larven opwuessen ze loossen.
Mécke leeën hir Eeër op de Buedem an et entwéckele sech dacks dausende vu Muede pro Quadratmeter.
Wëll Beie gruewe Gäng an Näschter fir hir Larven an de Buedem a leeë gläich och Proviant fir hir Kleng parat. Déi giel Bull ass eng Mëschung vu Pollen an Nektar.
D’Sandbei baut z.B. vum Haaptgang aus e puer Bruttkummeren. An all Kummer ass Proviant fir een Ee.
Aus dem Ee klëmmt eng Larv eraus, déi frësst a frësst a frësst, bis se sou grouss ass wéi spéider dat fäerdegt Insekt.
Da verpoppt se sech, d.h. si spënnt sech an e Kokon an. D’Popp ass onbeweeglech, awer bannendra verwandelt sech d’Larv an eng fäerdeg Bei.
Schliesslech rappt d’Baussenhaut vun der Popp op an d’Bei kënnt erausgekroch. Si wiisst lo net méi, mee sicht e Partner a suergt erëm fir Nowuess.
Vill Wëllbeie bleiwe vu Juli bis Mäerz am Kokon dran a verschlofe sou de gréissten Deel vum Joer.
Méckemueden
Den Agang vun enger Sandbei hirem Nascht
Foto: wikime542
Proviant
Foto
: shu
tters
tock
Sandbei, Sandbiene, «andrena», mining bee, Andrena flavipes
Foto
: wik
iped
ia: F
ritz
Gel
ler-
Grim
m
Popp, Puppe, pupe, pupa
Foto: shutterstockEntwécklung vun enger Bei
1,7 cm
1,2 cm
De Panewippchen 3/2014
4Text: Michelle Grosbusch
Kannerstuff am BuedemMécken
Beien
Mued, Made, asticot, maggot
Bommel, Hummel, bourdon, bumblebee, Bombus
Foto
: shu
tters
tock
D’Bommelem hunn eng ganz grouss Kannerstuff.
D’Bommelkinnigin iwwerwantert ganz gär am Buedem.
Am Fréijoer mécht si sech op d’Sich no engem verloossene Mauslach. Dat notzt si fir hiert Nascht unzeleeën.
Wéi eng Kluck sëtzt d’Kinnigin sech elo op hir Eeër, fir se waarm ze halen, a wa si Honger kritt, streckt si de Rüssel an hiert Hunnegdëppchen.
Déi Bommelen, déi schliesslech aus der Popp klammen, sinn Aarbechterinnen, déi d’Wiermen an d’Fiddere vun deenen nächste Klengen iwwerhuelen. Sou kann ee Bommelvollek bis zu 600 Bommelen ervirbréngen.
Am Hierscht fléie Männercher, Weibercher a Jongkinniginnen aus a siche sech eng nei Plaz. Déi al Kinnigin an d’Aarbechterinne stierwen an d’Nascht ass verlooss.
Aus Nektar a Polle leet och si Proviant fir hiren Nowuess un.
Aus Wuess baut d’Bommel Dëppercher: an e puer mécht si Hunneg an an déi aner leet si hir éischt Eeër.
Dir kënnt d’Wanderausstellung
«Faszinatioun Beien» léinen.Méi Info ënner: mnhn.lu/expos
Eng Äerdbommel vergréissert hiert Nascht
Foto
: Pa
hazz
ard
Bom
mele bei der Aarbecht
Foto: shutterstock
De Panewippchen 3/2014De Panewippchen 3/2014
5
Bommelen
Liewenszyklus vun der Bommel
VILL FLOTTE
VéIERECKEGE PABEIER
ëmdréinen an dono eropklappen
dee Karton pechs du deng Päiperleken op. Mat engem Stëft mools du déi vill kleng "Päiperlek" - Detailer: d’Fühler, d’An, de Rüssel, de Kierper …
erofklappen
falen
erofklappen
zesummefalen
Pimpampeli mega-trompetii
Pimpampeli mega-trompetii
Pimpampeli mega-trompetii
Pimpampeli dillendappii
Ëmdiebelen an auserneefalen
ëmdiebelen
A
A
BA B
B
D
D
D
C
CA BD C
EE
AB
D
G
E
F
C
A
A
B
B
D
DG GF F
C
C
A B
D
E
CC
A B
DEC
C
ABD
E
F G
C
A
A
BA B
B
D
D
D
C
CA BD C
EE
AB
D
G
E
F
C
A
A
B
B
D
DG GF F
C
C
A B
D
E
CC
A B
DEC
C
ABD
E
F G
C
A
A
BA B
B
D
D
D
C
CA BD C
EE
AB
D
G
E
F
C
A
A
B
B
D
DG GF F
C
C
A B
D
E
CC
A B
DEC
C
ABD
E
F G
C
A
A
BA B
B
D
D
D
C
CA BD C
EE
AB
D
G
E
F
C
A
A
B
B
D
DG GF F
C
C
A B
D
E
CC
A B
DEC
C
ABD
E
F G
C
A
A
BA B
B
D
D
D
C
CA BD C
EE
AB
D
G
E
F
C
A
A
B
B
D
DG GF F
C
C
A B
D
E
CC
A B
DEC
C
ABD
E
F G
C
A
A
BA B
B
D
D
D
C
CA BD C
EE
AB
D
G
E
F
C
A
A
B
B
D
DG GF F
C
C
A B
D
E
CC
A B
DEC
C
ABD
E
F G
C
Päipe
rleken
Hier
schtPäiperleken
Fann
déi 7 Feeler
A
A
BA B
B
D
D
D
C
CA BD C
EE
AB
D
G
E
F
C
A
A
B
B
D
DG GF F
C
C
A B
D
E
CC
A B
DEC
C
ABD
E
F G
C
1
5
6
7
8
9
3
4
2
déi kleng Ecker
ëmdiebelen
OP E SCHASCHLIKBENGELCHEN
OPGESPIESST KANNS DU SE AN E
BLUMMESTACK SETZEN
Du brauchs vill schéi verschidde faarweg Blieder.Eng holze Billerrumm, Pech an e waasserfeste Stëft.
Dréchen deng opgeraafte Blieder. Maach deng Billerrumm op an huel de Karton, deen an der Rumm ass, eraus. Op
6De Panewippchen 3/2014Text: Sabine Goerens
Wat hunn déi schéine Pabeier!!
SAMMEL E GANZE KOUP SCHéI FAARWEG BLIEDER
Vergläich déi 2 Fotoe mateneen.
Wat ass anescht op der rietser Foto?
d’opléisung fënns du op der Newssäit
ëmdréinen an dono eropklappen
erofklappen
Wann den Deeg gutt opgaangen ass nach eng Kéier uerdentlech duerchknieden (dréien, falen an drécken, an dréien …) a rëm eng Stonn roue loossen.
Während deem
d’Geméis wäschen,
a Wierfele
schneiden an d’Courgette
an d’Aubergine an der Pan
ubroden. Mat de gedréchenten Tomaten,
dem Chili, de Basilikumblieder - alles ganz
reng geschnidden - mëschen a wierzen.
Aus dem Deeg 2 Strulle vun ongeféier 25 cm formen
a mat der Hand platt a breet drécken. D’Geméis an d’Mëtt
tesselen an den Deeg ronderëm zou maachen.
10
S c h l a a n g e b r o u tBAUSSE KNACKEG, BANNE SäFTEG, IDEALE PICKNICK
FIR MAT AN D’NATUR!
D’Miel mam Salz an eng grouss Schossel man an d’Hief driwwer bréckelen. D’Waasser dobeischëdden an 10 Minutte laang mat den Hänn verschaffen. D’Knupp Deeg dann eng Stonn op enger waarmer Plaz an der Schossel (zougedeckt) roue loossen.
Mat Bengelen a Ficelle an
e puer Pabeierspäiperleke
kanns du dir e Mobile
maachen Du brauchs … fir den Deeg: 500 g Miel (probéier och mol mat Spelzmiel gemëscht!) 1 EL Salz 15 g frësch Hief 320 ml wootlecht Waasser… fir d’Fëllung: 1 kleng Courgette ½ Aubergine 1 Paprika 1 Chili (wann s de et gär e bësse schaarf hues) 3 gedréchent Tomaten e Grapp voll Basilikumsblieder Bettstréi (Oregano), Teimerjéinchen (Thymian) … e bëssen Olivenueleg fir ze broden
7De Panewippchen 3/2014 De Panewippchen 3/2014Text: Carmen Greisen
Eng hallef Stonn ande Bakuewen domat
bei 220°C. mmmh lecker!
D’Schueberfouer besteet lo scho bal 700 Joer. Laang Zäit war si e Joermaart, do hunn d’Leit kaaft, wat se fir hiren Haushalt gebraucht hunn: Kleeder, Miwwelen, Geschir, Dëppen an Iesswueren. Natierlech gouf et och ëmmer Buden, wou et z’iessen an ze drénke gouf. Op dee Maart ze goen, war e richtegt Fest deemools. Wéi et ëmmer méi Butteker gi si fir anzekafen, ass den Amusement ëmmer méi zu enger Haaptattraktioun op der Fouer ginn. Et gouf Musek a Cabaret gespillt a säit 1900 gëtt et sou Spiller, wéi Karusseller a Riserad. Haut gëtt et op der Fouer méi wéi 50 verschidde Spiller. An all Joer kommen ëm déi 2 Millioune Leit op d’Fouer, déi domat déi gréisste Kiermes an der Groussregioun ass.
Mam Kapp no ënne schaukelen, dobäi Kopplabunz maachen, an dat 20 m iwwert dem Buedem. A klenge Weenercher mat iwwer 60 km/Stonn rop a rof iwwer d’Schinnen donneren, an d’Kéier goen, d’Äerm an d’Luucht strecken a jäize wéi mëll … Dat muss total Spaass maachen.
Du hues keng Äerm, mee Flilleken a sou eppes mécht dach kee Spaass! Kuck der se un: ier se op sou ee Spill ginn, hu se richteg Angscht: si si wäiss oder rout am Gesiicht an hu kale Schweess op der Stir. Wa se vum Spill rofkommen ass et ville schwindeleg, si tierkelen an et gëtt hinne schlecht. Ech giff ni op sou e Spill goen, a wann ee mer 100 déck Fleeschmécke giff dofir ginn.
Kanner, lo kritt iech net an d’Fiederen! Dir hutt allen zwee Recht, well d’Mënsche ginn op sou Spiller, well si Spaass un der Angscht hunn.
Papp, erziel eis hei kee Blödsinn …
Dat ass kee Blödsinn. Et gëtt vill Mënschen, déi maache fräiwëlleg eppes, wat extrem ass, dacks net ganz ongeféierlech ass a wou ee Courage brauch, fir seng Angscht z’iwwerwannen. Bungee jumping, op héich Bierger klammen, Mountainbike fueren oder op eng Achterbunn, e schnellt Karussel oder eng Geeschterbunn goen. An enger Situatioun, déi Angscht mécht, lafen ëmmer déi selwecht Reaktiounen am Kierper of: d Häerz schléit méi séier, de Bluttdrock geet rop an d’Muskele gi besser duerchblutt. Dat sinn alles Reaktiounen, déi hëllefen an enger geféierlecher Situatioun fortzelafen oder sech ze verdeedegen.
Mir brauchen dofir jo keng Fouer. Virdru stoung ech an der Wiss, du kënnt do op eemol eng Kaz vun hanne geschlach. Wat hunn ech mech erféiert an ier ech iwwerhaapt nodenke konnt, war ech och schonn an der Luucht a fort war ech. Hat geduecht, mäin Häerz giff stoe bleiwen. Mir Vulle kënne jo net schweessen, ech mengen ech wier soss plätschnaass gewiescht.
Maja, genee sou kann et de Mënschen op Fouerspiller oder beim Extremsport goen. Awer anescht wéi bei eis wa mir eng Kaz begéinen, ass dat bei hinne seelen doudeescht.
Un d’Gehir: Mir mussen
eis nach liicht no riets dréien a méi no hanne goen.
Angscht dei Spaass mecht: D’Spiller op der Fouer.
, ,,
De Panewippchen 3/2014Text a Fotoen: Jacqueline de la Gardelle
op der Fouerop der Fouer
Un all: Sou kann dat net
weider goen. All prett maache fir Noutfallplang!
Jo, a wat mécht da lo Spaass dorunner?
Nodeems déi Situatioun iwwerstanen ass, fänkt de Kierper un, sech ze entspanen. De Mënsch ass zefridden a frou, datt en de Courage hat an datt en déi schwéier Situatioun gepackt huet. A well et jo net douteescht ass, kann dat richteg Spaass maachen, an dofir jäize si och sou op de Spiller: et ass Angscht a Freed zugläich.
A firwat gëtt et de Mënschen da sou dacks schwindleg, wa se op sou Spiller ginn? Ech hunn der scho gesinn, déi hu sech iwwerginn.
Puh, du stells alt rëm Froen. Also, sou wéi mer Aen hu fir ze gesinn, gëtt et och Organer mat deene mer feststelle kënnen, ob mer leien oder stinn an och a wéi eng Richtung mer ginn oder fléien. Dat musse mer jo wëssen, fir riicht ze fléien oder ze goen, ouni ze tierkelen. Dës Organer heesche Gläichgewiichtsorganer. Si si winzeg kleng a gesinn aus wéi Bretzelen. Beim Mënsch sëtze si déif bannen an den Oueren. Si bestinn aus Haut a mini klenge Schanken a si mat Flëssegkeet gefëllt. Dës Organer ginn d’Informatiounen direkt un d‘Gehir an zesumme mat den Informatioune vun den Aen an de Muskele kann dann d’Gehir (eise Cockpit) d’Beweegunge sou steieren, datt mer d’Gläichgewiicht halen.
Am Alldag klappt déi Zesummen-aarbecht meeschtens gutt, mee op engem Fouerspill kann et mol Problemer ginn. (Grins)
Un d’Gehir: de Stull
steet lo direkt hannert eis.
Un d’Gehir: Mir mussen
eis nach liicht no riets dréien a méi no hanne goen.
Un d’Gehir: OK,
dréien de Kierper e bëssen, ginn ee Schrëtt no
hannen an diebelen dann d’Knéien.
Gehir u Gläichgewiichtsorganer,
Aen a Muskelen: Prett maache fir ze setzen!
Un d’Gehir: Mir hale
lo gläich op mat Schaffen hei. Andauernd kréie mer Informatiounen, déi net
zesumme passen.
Un all: Et gëtt ee
Problem hei am Cockpit. Wéi ass eis Positioun
genee?
Un d’Gehir: Mir kréie
kee Bild méi fixéiert, dat geet eis ze schnell
hei.
Un all: Wann dee Chaos sou
weider geet, da muss ech den Noutfallplang aktivéieren.
Un d’Muskelen: Beweegt
iech lo sou wéineg wéi méigleg. Am beschte prett maachen, fir
sech ze leeën.
Un d’Aen:
Zoumaachen!
Un d’Gläichgewiichtsorgan:
Dir probéiert lo rauszefannen, wou mer dru sinn.
Un d’Schweesszellen: Aktiv ginn an alles
schnell ofkillen.Un
de Mo: Sou séier wéi méigleg eidel
maachen!
Un d’Gehir. Mir si
lo ënnen, nee uewen, nee ënnen, nee lénks,
riets, …
De Panewippchen 3/2014 De Panewippchen 3/2014
Am spéide Summer fanne mir eng helle Wull u lackelege Friichten am Bësch an eng Rëtsch vu Bëschbewunner hunn eng gelleg Freed dorunner. Si profitéieren, fir sech virum Wanter nach eemol gutt de Ränzelche vollzeschloen. Onse Panewippchen huet an hir Menüskaart geluusst, fir gewuer ze ginn, wat fir Schneekegkeeten et do ze jicke gëtt. Déi kleng rout Spackelter fënnt ee vill un de Bëschränner. Si wuessen u grousse pickegen Hecken, Hondsrouse genannt a sinn am spéiden Hierscht sou richteg zeideg. Hiert rout Fruuchtfleesch ass räich u Vitaminnen a gëtt virun allem vun de Villercher verdillegt. Awer och de Mënsch kann de Spackelter notzen; fir Gebeess, Téi, Likör a villes méi. Och kann ee mat de Kären, déi bannen am Spackelter sinn, formidabel Juckpolver maachen.
Wie kennt se net, déi pickeg Bréimen, déi engem d’Been zerschréipsen, wann ee queesch duerch de Bësch geet. Et fënnt ee se immens vill op Lichtungen a laanscht d’Bëschweeër. Hir Friichten, d’Päerdsbier, ass Enn August a September lackeleg schwaarz gefierft an zeideg. Si kënnen dann zockerséiss sinn a vill Vigel, Insekten awer och den Dachs an de Fuuss gammse richteg drop. De Mënsch brauch se fir Gebeess ze kachen, Taarten ze baken a Jus ze pressen.
Den Hieselter ass e Strauch, dee bis zu 6 Meter héich ka ginn a sech op Plaze mat vill Luucht esou richteg wuel fillt. Am September an Oktober sinn u senge Rutten d’Hieselnëss zeideg. Si gehéieren zu de richtegen Nëss, well si hunn eng verholzte Schuel rondrëm d’Noss. Hieselnëss hu ganz vill Fett an dofir och ganz vill Kalorien. Kee Wonner, datt d’Kaweechelcher sech drop stierzen, fir se fir de kale Wanter ze vergruewen. Awer och d’Bëschmaus léisst eng Hieselnoss net lénks leien.
Spackelter
Päerd
sbier,
Brombeere, mûre, blackberry
10De Panewippchen 3/2014Text: Mike Hagen
Spackelter, Hundsrose, églantier, dog rose,
Rosa canina
Päerdsbier, Brombeerstrauch,
mûrier, blackberry bush,
Rubus
Hieselter, Haselstrauch,
noisetier, hazel,
Corylus avellana
Spackelter, Hagebutte, cynorrhodon, rose hip
Hies
elnoss, Ha
selnuss, n
oisette, hazelnut
Menuskaart Besch....
Paerdsbier oderSchwaarzbier
..
Hieselness..
Buaker sinn d’Friichte vun der Bich, deen a ville lëtzebuerger Lafbëscher doheem ass. Si hunn eng pickeg Schuel a bannenan dräikanteg Nëss. Bal all d’Déieren am Bësch sinn op dës kleng Nëss gelëschtereg, well si stieche voller gudder Nährstoffer. No engem waarme Summer ass de Bëschbuedem dacks iwwerséit mat Buaker an d’Villercher, d’Kaweechelcher, d’Mais, d‘Wëllschwäin a vill aner Déiere maache sech driwwer hier. Fir de Mënsch ass de Buaker liicht gëfteg, trotzdem gouf fréier Ueleg draus gepresst oder eng Zort „Ersatz-Kaffi“ draus gemaach.
D’Eechele gehéiere mat zu dem léifste Menü vun de Wëllschwäin. Wéi de Numm et scho seet, ass et d’Fruucht vun der Eech, engem typesche Bëschbam zu Lëtzebuerg. Si hu vill Nährstoffer gespäichert a goufen dofir och fréier geholl, fir d’Hausschwäin ze mäschten. Niewent der viller Energie, déi an den Eechele stécht, hu si awer och eng zolidd Portioun Gierfstoffer a sech. D’Eechel huet en immens battere Goût.Och wann dat d’Déieren net ze stéieren schéngt, sou huet de Mënsch dat awer guer net gär. Fréier gouf och aus den Eechelen en Ersatz fir Kaffi gemaach; well hien awer esou batter geschmaacht huet, krut hien den Numm „Muckefuck“.
Et gëtt immens vill verschidde Kochelen
an onse Bëscher a si stinn um Menü
vun enger ganzer Rëtsch vun Déieren.
Ugefaange bei de Schleeken an den
Insekte bis bei d’Mais, den Dachs,
de Fuuss an d’Wëllschwäin. Grad
elo ufanks Hierscht kommen der vill
aus dem Buedem luussen. Dat, wat
d’Déieren oder och mir plécke ginn,
ass de Fruuchtkierper vum eigentleche
Champignon, dee komplett am Buedem
verstoppt ass. Vill Champignone ginn
eng Partnerschaft mat enger anerer
Planz an z.B. engem Bam. Sou fënnt een
de Steepilz dacks bei Nolebeem wéi der
Fiicht an der Kiefer.
Dir gesitt, och am Bësch
steet an der Hierschtzäit esou munneches prett, fir verdillegt ze ginn.
Et soll den Déieren hëllefen, sech kënnen zerguttstert op de laangen a kale
Wanter virzebereeden.
Während dem däitsch-franséische
Krich1870 hunn d’Fransousen, déi d’Rhäinland besat haten, dee batteren an dënne Kaffi «mocca faux» (falsche Kaffi) genannt. Deen Numm gouf vun den Däitschen an de Lëtzebuerger a
«Muckefuck» ëmbenannt.
Eechel, Eichel, gland, acorn
11De Panewippchen 3/2014 De Panewippchen 3/2014
Buaker
Eechelen
Kochelen
Bich, Buche, hêtre, beech, Fagus
Eech, Eiche, chêne, oak,
Quercus
Kochelen, Champignonen Pilze,
champignons, mushrooms,
Fungi
Buaker, Buc
hecker, faine, beechnut
Foto: Danièle Murat
Foto: Tortuosa
d’Haut ausdréchnen a maache se ufälleg fir Hautkrankheeten. Nom Wäschen dréchent ee sech iwwerall gutt of. Et ass och net néideg, sech nom Wäschen ëmmer mat Crème oder Ueleg anzereiwen, dat mécht een nëmmen, wann d’Haut dréchen a rau ass.
Textilien, déi vill Kontakt mat der Haut hunn, wéi Ënnerwäsch, Strëmp oder Bettdicher gi reegelméisseg gewiesselt a gewäsch. Déi vun anere soll een och nëmmen undoen oder benotzen, wa se frësch gewäsch sinn.
Wann ee knaschteg ass oder vill geschweesst huet, da wäscht ee sech. Soss geet eemol den Dag wäschen duer. Et wäscht ee sech mat kloerem Waasser a fir déi Plazen, wou vill Dreck a Schweess ass, hëlt ee Seef. Ze waarmt Waasser, ze vill Seef an ze laang duschen oder buede kënnen
D’Haut fleegen
D’Haut ass dem Mënsch säi gréisst Organ. Beim Erwuessenen ass si 2 m2 grouss a weit 10 kg. D’Haut ass ee richtegt Multitalent!
Si ass Schutzhaut géint d’Ausdréchnen, Nätzt, Temperatur-schwankungen, Verletzungen a Krankheetserreger.
Si ass Sonneschutz géint d’Sonnestralung. Duerch d’Sonn gëtt
Krätz ass eng Hautkrankheet, déi vun engem miniklenge Spannendéier, der Krätzmilb, ausgeléist gëtt.
Waarzele sinn eng Hautkrankheet. SI gi vun engem Virus ausgeléist.
Fousspilz ass eng Hautkrankheet, déi vun engem Champignon ausgeléist gëtt.
Speechelen a Schéinheetsflecke si Pigmentflecken an, ofhängeg vum Hauttyp, huet een der vill oder wéineg.
d’Haut méi däischter a ka Speechele kréien, dat ass hire Sonneschutz. Och wann donkel Haut meeschtens besser virun der Sonn schützt wéi heller, kann och si e Sonnebrand kréien.
Si ass Fuerscher a si fillt mat eis, ob eppes mëll oder haart ass, waarm oder kal, dréchen oder fiicht …
Si ass e Sensibelchen a wa mer eis schummen oder iergeren, ka si rout
ginn, si ka Blose kréien, wa mer eis verbrennen, wa mer eis verletzen, ka si futti goen a blo Plaze kréien. Ass et äiskal oder mir eekelen eis, kréie mer eng Héngerhaut.
Si ass konterbont! Vu schwaarz bis wäiss, an alle Schattéierungen, mat oder ouni Speechelen a Schéinheetsflecken, mat méi oder manner Hoer. A mam Alter kritt si Falen an Altersflecken.
Bei engem Sonnebrand gëtt d’Haut fir e puer Deeg rout a si deet wéi a ka sech och schielen. Och wann dat ka gutt wéi dinn, ass de Sonnebrand selwer net sou schlëmm, mee - d’Haut vergësst kee Sonnebrand! Nach Joren duerno kann déi geféierlech Krankheet Hautkriibs entstoen.Dofir schütz dech ëmmer virun der Sonn, a pass op, datt s de kee Sonnebrand kriss!
De Panewippchen 3/2014Text: Jacqueline de la Gardelle
Eis Haut ënnert der Lupp
Krätz
Fousspilz
Speechelen a Schéinheetsflecken
Waarzelen
Fousspilz ass e Champignon, deen op de Féiss (am léifsten tëschent den Zéiwen) lieft an do kann et dann zolitt bäissen. Am wuelste fillt e sech op Féiss, déi ëmmer gutt waarm agepaakt sinn an net vill Loft ze spiere kréien. An op Féiss, déi no der Dusch net gutt ofgedréchent ginn.Fousspilz kann een op fiicht-waarme Biedem oprafen: Piscine, Sauna,
Waarzele sinn Hautknippercher, déi vun engem Virus ausgeléist ginn. Si si meeschtens op den Hänn oder de Féiss, awer och op aner Plazen um Kierper. Et gesäit ee si meeschtens gutt an et ka sinn, datt si picken oder wéi dinn, besonnesch déi, déi op der Fousssuel sëtzen. Si gi sou ähnlech iwwerdro wéi de Fousspilz.
Krätz gëtt ausgeléist vun engem winzege Spannendéier, der Krätzmilb. (Gréisst 0,5 mm). Déi Déiercher liewen ënnert der Haut a leeën och do hir Eeër. Krätz kann immens vill bäissen, virun allem nuets am Bett. Krätz fängt dacks do un, wou d’Haut relativ dënn ass a wou et waarm ass: tëscht de Fanger, un den Handgelenker, hannert den Oueren oder an de Knéikailercher.
Buedzëmmer oder Vestiaire. Duerch den direkte Kontakt mat engem aneren, deen en huet, oder wann een deem seng Schung oder ongewäsche Strëmp undeet. Méi liicht reeft een en op, wann ee kleng Rëss oder Wonnen op der Haut huet. Fousspilz gëtt behandelt mat enger Crème, déi den Dokter verschreift.
Waarzele kënne vum selwe rëm ewech goen. Dat kann awer laang daueren an an där Zäit kann een anerer ustiechen. Wann ee vill Waarzelen huet oder wa se wéi dinn, geet een domat bei den Dokter.
Krätz kann iwwerall do optauchen, wou Leit enk zesummeliewen an iwwerdréit sech meeschtens direkt vun engem Mënsch op deen aneren. Krätz, deen net mat Zäit behandelt gëtt, ka sech um ganze Kierper ausbreeden, dofir geet ee bei Verdacht op Krätz direkt bei den Dokter, dee weess, wéi en ze behandelen ass.
D’Haut ka rout Flecken, wäiss Plazen, Rëss, Rëff oder aner Verännerunge kréien. Si ka bäissen, picken, suppen oder wéidoen. Da kann d’Haut krank sinn.
Dacks ass d’Ursaach dovunner ee Plogeescht, dee sech dorop spezialiséiert huet, op oder an der Haut vum Mënsch ze liewen. Dat sinn ënnert villen aneren de Fousspilz, d’Waarzelen an de Krätz.
Krankheete wéi Fousspilz, Krätz a Waarzele kritt een net, well ee sech net genuch wäscht, mee well ee sech ugestach huet. Si kënnen iwwerall do virkommen, wou Mënschen op enkem Raum zesumme sinn, an der Schoul, der Maison Relais …
Jiddweree ka sech ustiechen, egal ob ee sech vill oder wéineg wäscht! Léisst ee sou eng Krankheet mat Zäit vum Dokter behandelen, dann ass ee meeschtens séier rëm gesond. An et kann een och keen aneren méi ustiechen!
Kuck mol eng Kéier genee deng Hänn, Féiss, Äerm a Been. Wat gesäis de do? Vergläich deng Haut mat där vun anere Kanner. Do gëtt et bestëmmt allerhand ze entdecken! Léier deng Haut kennen a behal se am A. Wa se sech verännert, da weis dengen Elteren dat, a fro si oder en Dokter ëm Rot.
De Panewippchen 3/2014 De Panewippchen 3/2014
13
Plogeeschter vun der Haut
Fousspilz
Krätz
Waarzel
E Virus ass e ganz klenge Krankheetserreeger. Et gëtt Milliounen ënnerschiddlech Zorten, déi ganz vill verschidde Krankheeten ausléisen, z. B. Schnapp, Gripp, Waasserpouken, ...
Am Hierscht, wann d’Nuechte
méi kal ginn, verschwannen dobaussen och d’Päiperleken.
Firwat?
iwwerwantert als erwuessene Päiperlek a Mauerlächer an ass dofir den éischte Päiperlek, dee mir am Fréijoer gesinn.
Mä glécklecherweis iwwerwanteren
hir Eeër(beim Sëlwerbloe Päiperlek, Silbergrüner Bläuling, argus bleu-nacré, chalkhill blue, Polyommatus coridon)
Foto: Mike Talbot
Foto: Luis Miguel Bugallo Sànchez
Majo, bei de meeschten Zorte stierwen
déi erwuesse Päiperleken, well si net méi genuch Blumme fannen, wou si Nektar (=Zockerwaasser)
suckele kënnen.
oder hir Poppen (beim Schmuebelschwanz, Schwalbenschwanz, machaon ou grand porte-queue, swallowtail, Papilio machaon), sou datt mir si am nächste Fréijoer a Summer erëm bewonnere kënnen.
oder hir Raupen (beim Schaachtechbotzert, Schornsteinfeger, tristan, ringlet, Aphantopus hyperantus)
Hie flitt am Hierscht
bis a Spuenien an an Nordafrika.
Do leet hie seng Eeër op
Dëschtelen a stierft duerno. Aus dësen Eeër klamme Raupen eraus,
déi de ganzen Dag just d’Blieder vun den Dëschtele friessen. No e puer Woche
verpoppe sech dës Raupen. Aus der Popp klëmmt no e puer Deeg
erëm e Päiperlek eraus.
Am Fréijoer fléien dann
erëm Dëschtelpäiperleke bis an ons Géigenden, wou
si Eeër leeën.
1
2
3
✱
✱
✱
Foto: Gilles San Martin
Den Zitrounepäiperlek Zitronenfalter, citron, common brimstone, Gonepteryx rhamni
Den Dëschtelpäiperlek Distelfalter, belle-dame, painted lady, Vanessa cardui
14De Panewippchen 3/2014Text: Claude Heidt
Päiperleken op der Rull
Fotos: shutterstock
Sëlwerbloe Päiperlek
Schaaschtechbotzert
Schmuebelschwanz
Zitrounepäiperlek
Spuenien
MarokkoAlgerien
Frankräich
Englan
dIrland
Portu
gal
Ass de Weltmeeschter vun de Wander-Päiperleken: flitt 3.000 Kilometer vun Nordamerika bis a Mexiko, wou d’Fraen Eeër leeën. Hir „Kanner“ brauchen anscheinend kal Temperaturen a Mexiko, fir erëm an den Norden ze fléien.
Leet seng Eeër op Kléi. De giel-orange Päiperlek kënnt net all Joer aus dem Süden an ons Géigenden: 2013 war hien awer am ganzen Land ze gesinn.
Leet seng Eeër op Härgottsbettstréi (echtes Labkraut). (Kuck Panewippchen 3/2012).
Leet seng Eeër op Brennnesselen, well d’Raupe just dës Blieder friessen. Déi erwuesse Päiperleken drénken Nektar a vill Blummen a suckele souguer Saaft vun zeidegem Uebst. Si kommen am Fréijoer aus Südeuropa an hir „Kanner“ fléien och erëm dohin zréck.
Päiperleke kënnen ouni Problemer iwwer
héich Bierger an esouguer d’Mier fléien. Si orientéieren sech un der Sonn
an eventuell och um Magnéitfeld vun der Äerd. Wéi dat genee funktionéiert hunn
d’Wëssenschaftler nach net erausfonnt.
Admirol, Admiral, vulcain, red admiral, Vanessa atalanta
Kolibri-Päiperlek Taubenschwänzchen, sphinx colibri,
hummingbird hawk-moth, Macroglossum stellatarum
15De Panewippchen 3/2014 De Panewippchen 3/2014
Päiperleken op der Rull Aner Päiperleken, déi och op d’Rees ginn:
Monarch-Päiperlek Monarchfalter, monarque, monarch, Danaus plexippus
Giel-orange Päiperlek Wandergelbling, postillon,
clouded yellow, Colias crocea
Admirol
Giel-orange Päiperlek
Kolibri-Päiperlek
Monarch-Päiperlek
Algerien
Frankräich
Belsch
Hollan
d
LëtzebuergDäitschland
Schwäiz éisträich
Italien
Tunesien
Lybien
Dänema
rkNorwege
n Schwede
n
Polen
Tschechien
Finnland
RumänienUngarnSlowake
i
Slowenien
KroatienBosnien-Herzegowina
AlbanienSerbien
Griechenland
Mazedonien
Kosovo Bulgarien
Ukraine
LitauenLettland
Estland
Wäissrussland
Déi Päiperleken, déi am
Hierscht aus den Eeër klammen, fléien da gläich rëm an de Süden. Am
Wanter ass dofir vum Dëschtelpäiperlek näischt zu Lëtzebuerg ze fannen: keen
Ee, keng Raup, keng Popp an och keen erwuessene Päiperlek.
4
Nordamerika
Mexico
Kanada
mam Science-Club op een Action Camp zu
Lofer ass e klengt Duerf am Salzburgerland (A)
Ideal fir d’Natur z’entdecken an z’erliewen.Responsabel: Christiane Flesch (Igel)
eng spannend
Hüttewanderung!!
16De Panewippchen 3/2014
prin
ted
by
Imp
rim
eri
e C
en
tra
le L
uxe
mb
our
g
een idyllescht Duerf an de Bierger
Ons Hütt, an där
mir 1 Nuecht
um Bierg geschlof
hunn.
Fanny, Noa, Hannah, Tom,
Charel, Lena, Vicky, Jil,
Laurent, Sandy, Marie-Chris-
tine, Luna, Felix, Magalie,
Noémie, Charel, Sarah,
David, Maxime, Philippe,
Louis, Thomas, Alice, Stella,
Niclas, Maurice, Igel, Béa,
Klôt, Laurent.